Publié le 15 novembre 2023
Miersch TV - Emissioun vum 15/11/2023
Miersch TV - Emissioun vum 15.11.2023 from Local Lux TV on Vimeo.
D'Nazi-Occupatioun am zweete Weltkrich ass eng Zäit, déi ni däerf vergiess ginn an dofir ass den Nationale Commemoratiounsdag am Oktober ganz wichteg. D'Gemeng Miersch an eng ganz engagéiert Ekipp ronderëm den Erny Kohn ënnersträicht déi Wichtegkeet all Joer mat engem Film vun engem Schicksal aus der schwéierer Zäit op eng ganz besonnesch Manéier. De Sully Prud'homme huet dëse Reportage fir Miersch TV realiséiert.
Am zweete Reportage vun der Emissioun huel mer Iech mat op d'Aweiung vun der EIMAB, der internationaler Schoul zu Miersch. D'Ministere François Bausch a Claude Meisch hunn dat renovéiert an erweidert Gebai, dat eng 100 Joer al Geschicht huet, ageweit.