Evénement

Publié le 29 mai 2025

2025-05-28 22:00:00+00:00 09:30 23:59

49. Landjugenddag

Informations générales


29.05.2025

09:30

Hall Irbicht


Den 49. Landjugenddag steet virun der Dier, dofir invitéiert iech d’Landjugend Zenter dëst Joer fir den 29. Mee op Biereng bei Miersch.

Eisen Haaptsite ass bei der Hal Irbicht: 0 Rue Irbicht, 7590 Beringen/Mersch

Dagesprogramm:

9:30 Mass dobaussen bei der Kierch zu Biereng
11:00 Éierewäin
12:00 Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye

Am Nomëtten:
• Kanneranimatioun fir déi Kleng
• Kaffisstuff fir déi Grouss
• 15:00 Concert
• lessen a Gedrénks de ganzen Dag

22:00 Dekanatsspill fir d’Landjugendgruppen
22:30 Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal

Detailer
- D’Umeldung an d’Bezuelung ass den Dag selwer um Site vun der Hal Irbicht.
- De Präis leit bei 20€/Persoun, do ass d’Mëttegiessen an ee Gadget am Präiss mat drann.
- Eng Equipe besteet aus min. 4 Persounen.
- Et sinn am Ganzen 5 Spiller, dovun eent Waasserspill dofir bréngt eng Schwammbox/Maillot an dresche Kleeder mat.
- Den Tour vum Rallye ass ongeféier 9 km laang an ass mat der Kannerkutsch befuerbar.
- Op de Spiller ass fir Gedrénks gesuergt. Gegrillt gëtt och op all zweetem Spill.

Halt iech den 29. Mee 2025 also onbedéngt fräi an vergiesst op kee Fall den 30. Mee Congé anzedroen.

Mir freeën eis ob iech an bréngt genuch Honger, Duuscht an natierlech gutt Laun mat!

Weider Infoen iwwert den Oflaf vum Dag kommen nach no.


guichet
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR